Studies of Life

Learning by doing.

Perspektiiv op d’Viirgezunne Wahlen am Oktober 2013

22 September 2013 by Jim

#Update 23ten September: No ë puër Diskussiounen op dër bloër Säit (FB), looss mër préziséiren dass den Artikel hei op polemeschem Toun geschriwwen ass, an domat méi forsch ausgedréckt wéi en Politiker daat giff maachen (wann ën wéillt nach eng Kéier gewiëlt ginn). Vu dass ët en Meenungsartikel ass, deen éierlëch an schnell geschriwwen gouf, ass nët alles hei viir boër Mënz ze huëlen. Kritik ass awer natiirlëch ëmmer erwënscht.

D’lëtzebuerger Chamberwahlen sin dësen Oktober, an daat méi fréih wéi virgesinn. Virwat? Wéinnt dem engen oder aneren Skandal, dorënner sëcherlëch mol den vum Chaos beim SREL, dëm lëtzebuerger Geheimdéngscht, deen wi ët schéngt nët uërdentlëch fonktionnéiert an deelweis sou wéineg encadréiert ze sinn schéngt datt ën souguër den Här Premierminister Juncker heemlëch ofgelauschtert huët mat enger truquéierter Auer. Ën richtgen Krimi, kinnt een mengen, mee ët gëtt nach besser. Bal 30 Joër nodeems d’Bommenattentater geschitt sinn huët d’Geriicht sëch dann och dozou entscheet endlëch en uërdentlëchen Bommeleeërprozess z’organiséiren, bei deem, och wann ët ë puër iwwerraschent Nouvellen gëtt, wahrscheinlëch keen richtëgt Resultat wäert erauskommen. Wou soll een dann och nach uërdentlëch Beweiser an Zeien hunn, di sëch nach am Detail un eppes erënneren daat 30 Joër hir ass? Mee soit. D’Oppositioun vum CSV huët profittéiert vir, an enger Zäit vun wirtschaftlëcher Kriis wou all Länner an Europa mat Chômage an Failliten ze dinn hunn, dem CSV d’Schold un allem ze ginn wat an dem léiwen Ländchen nët klappt. Die aaner Parteien hätten wahrscheinlëch alles besser gemeet.

– All Partei verlaangt den “Neistart”, waat och ëmmer daat heescht. – 

Kommen mër also zu den lëtzebuerger Parteien, déi lo ufänken sëch vir d’Wiëler ze zerklappen. Jiddfer Partei huët dobäi Virschléi wat si giff anescht machen. Jiddfereng schwätzt vun “Reform” an “Neistart”, well dat kléngt ëmmer gudd. Alles nei, alles besser, gell du? Woubäi ët genau geet bei där Reform, wat dann lo iwwerhapt do abegraff ass, dat intresséiert jo keen. Haaptsaach gudd haart blären an den Leit soën: “Lo gëtt alles aanescht!” Wéi wann dat eng einfach Décisioun wiir, en Knäppchen an der Chamber, op deem “Reform” steet, deen d’CSV nët wollt drécken, an deen all eis Probleemer verschwannen léisst. Hei mol en kléngen Rappel un d’Parteien déi lo alles änneren wëllen: Ët gëtt näicht viir näicht am Liëwen, zu mannst nët op Dauer.

– Lauter eidel Verspriëchen an Verblendung – 

Wann een engem Stéck vun der Wiëlerschaft méi Suën versprëcht, muss een engem aaner se weg huëlen. Ët kann een keng Suën erbäizauberen, an d’Staatsfinanzen sinn schon ugeschlo, also waat sollen di eidel Verspriëchen? Déi Lénk bidden dann un, eis 40 Stonnen Woch op 35 ze reduzéiren, an d’Suën déi dann an der eegener Keess feelen do ze huëlen “wou se sinn”, also bei den “Räichen”. Dass eis Wirtschaft schon drënner leid, dass Lëtzebuerger Arbëscht méi deier ass wi déi an den Nopëschlänner, daat intresséiert dobäi keen. Statt deen Probleem unzepaacken, verspriëchen mër den Leit dass mer di wirtschaftlëch Absurditéiten nach méi wäit dreiwen! Sou ass ët richteg. An ëmmer dobäi den Salariéen soën, dass di béis Patronen zevill verdéngen, an nët genuch Steieren bezuëlen. Daat sinn jo alles Schmarotzer, di Patronen. Natiirlëch sin si di eenzeg die Aarbeschtsplaatzen schaafen, an natiirlëch ass een Patron mat sénger Entreprise viir d’Wirtschaft an d’Land dräi oder véier Mol suvill wäert, wi den Duerchschnëtts-Salarié, mee all Patron huët numol nëmmen eng Stëmm viir ze wiëlen. Also bezirzen d’Parteien léiwer d’Salariéen, well däer ginn ët der jo méi, och wann déi an der Moyenne wirtschaftlëch manner zum Land bäidroën, wéi den Patron. (Ët muss jo och nët jiddfereen nämlecht vill bäidroën, mee et brauch een déi di vill Suën hunn oder verdéngen awer nët eroofzemaachen susst well se Suën hunn. Irgendwou kommen déi jo och hiir, di meescht kréien së nët einfach geschenkt.)

– Ma d’Wiëler sinn nach domm genuch d’Verspriëchen ze gleewen… – 

Mee de Probleem läit nët nëmmen bei den Leit déi sollen gewiëlt ginn. Déi di nëmmen hiirt Kräiz maachen gin, déi si grad sou domm, wann nët nach méi. All Mënsch erwaart sëch, einfach nëmmen 24/24 gesond, räich, gudd gefiddert an glécklëch ze sinn, an daat ouni eppes dofiir ze maachen. Kaum setzt mol een op RTL d’Leit der Realitéit géigeniwwer, an schonns ginn se agressif. Lëtzebuerger Entreprisen mussen zoumaachen, well së nët effizient genuch sinn. Waat ass den gréissten Käschtepunkt an der Lëtzebuërger Wirtschaft? D’Léin. An déi wuëssen ouni opzehaalen duërch waat? Den Index. Also waat maachen mër? Mër schaafen den Index oof. – Mee nee, sou einfach ass daat nët. Dann verdéngen di aarm Leit jo nëmi suvill! An si kréien och nëmi all Joër eng Lounerhéijung! Daat wiir dach schrecklëch, wann een sëch déi hei am Land misst verdéngen, sou wéi am Rescht vun der Welt och. Daat kann een nët zouloossen. An wéi sollen d’Präisser vun Wunnéngen dann nach all Joër ropgoën, wann d’Leit nëmi genuch verdéngen viir se ze bezuëlen, mat Suën déi së op der Bank viir 40 Joër léinen gin? Suguër Prisong op Liëwenszäit ass nëmmen 25 Joër. Mee en Prêt, deen kann een op 40 maachen. Domat muss irgendwann Schluss sinn.

D’Léin mussen eroofgoën, an fäerdeg. Gesonden Mënschenverstand seet engem och, dass een wann een 1800 Euro verdéngt, nët soll all Mount all Cent dovun ausginn. Wann all Mënsch ë bessen gesonden Mënschenverstand hätt, an nët vun der Hand an den Mond géif liëwen, an Suën léinen viir en neien Auto, an eng Vakanz, dann wiir et guër keen Drama wann  jiddfereen 300 Euro manner kréich. Mee daat kann een jo enger Mamm mat Mindestloun an 4 Kanner nët zoumudden. Ma ween stellt d’Leit dann un wi d’Kannéngercher Kanner an d’Welt ze setzen viir déi së nët suërgen kënnen? En groussen Deel vun der Bevëlkerung ass, op gudd lëtzebuërgesch, Wouscht. (méi prézis an manner krass ausgedréckt: “En groussen Deel vun der Bevëlkerung behëllt sëch heinsdo wéi Wouscht.”) Daat ass an all Land sou, an dorunn kann een och nët vill änneren, mee ët duërf een ët nët nach ennerstëtzen!

– … an d’Gewerkschaften sin och viir näicht konstruktives ze hunn. – 

An d’Gewerkschaften sin grad sou kuërzsiichteg. Déi forcéiren en Patron léiwer, d’Léin héich ze haalen an keen erauszegeheien, och wann zwee Méint mi spéit di ganz Firma faillite mëcht an dann jiddfereen séng Arbëscht verléiert. Ët ass besser, als Gewerkschaft all Kompromëss refuséiert ze hunn, wéi eng realistëch Léisung auszeschaffen. Haaptsaach ëmmer méi Geld, ëmmer manner dofiir maachen. Daat kënnt ëmmer gudd un, an no den Konsequenzen freet an zwee Méint keen méi.

– Also hei mol ë puër Suggestiounen – 

Waat sollen mër dann maachen? Hei sinn ë puër Suggestiounen iwwert déi Saachen, déi wiirklëch giffen fonktionnéiren an hëllefen, ob daat gudd ukënnt oder nët.

– Viir méi Kompétitivitéit – 

Viir d’éischt muss een méi kompetitiv ginn. Also mol direkt 200 Euro manner am Mindestloun, an fort mam Index. Déi Leit di dono nëmi genuch Suën viir Iëssen aus dem ALDI, di mussen dann eben vläicht den neien iPhone mam 75 Euro Abonnement opginn. Den Maximalstéiersaatz soll och an d’Luucht goën, mengetwegen op 49% fiir déi di ganz gudd verdéngen. Mee keen sollt méi wi d’Halschent vun sengem Akommes duërch Steieren verléieren, well soss ass all Motivatioun viir ze schaffen fort. Dofiir keng 75% Hollande-Steier. Mee 49% ass auszehaalen.

– Méi gesond Staatsfinanzen – 

Dono mussen mër spuëren, an déi Suën déi do sin, besser asetzen. D’finanziell Hëllefen mussen alleguër ugepasst ginn op den Besoin vun den Leit, di se kréien. En Affekot am Chômage brauch keng 7000 Euro Hëllef vum Staat. Wann ën ze domm war sëch eppes op d’Säit ze léen vun séngem Loun, oder en huët viir 6000 Euro Prêten zréckzebezuëlen am Mound, dann ass daat säin Probleem. An en Lëtzebuerger Student deen doheem wunnt an op d’Uni Lëtzebuerg geet, deen brauch och keng 13000 Euro Studienbäihëllef. Wann d’Suën dann ze knapps ginn viir den Bensin all Daag ze bezuëlen, dann muss en vläit mat der Jumboskaart an den Bus. Ët kann nët sinn dass souvill Studenten sëch am éischten Joër vun hiirer Bourse en Auto kaafen. Dofiir ass déi nët do. An all déi Hëllefen missten dann och luës an luës eroofgoën. En Chômeur misst all Mound 10% manner Hëllef kréien, dann giff ën sëch begannen eng nei Schaff ze fannen statt näicht ze maachen. An dann giff och den Lëtzebuerger sëch vläicht mol trauen, op en Bau schaffen ze goën, statt drop ze warden dass eng Bürosplaatz viir en fräi gëtt well heen jo ze gudd ass viir op den Bau oder an en Restaurant – dofiir si jo d’Auslänner do, gell? Den Chômage wäer vill manner héich wann nët jiddfereen, ob Diplôme oder nët, mengt en misst eng “besser” Plaatz kréien.  An Jalousie op d’Akommes vun Direkteren an Affekoten ass och nët ubruëcht. Irgendwou hunn déi sëch jo sou ugestallt dass se eng besser Plaatz kruuten. Mat 18 Joër kann jiddfereen hei op d’Uni an en Diplôme kréien wann en dofiir schafft. Ët geet nët duër, einfach Lycée technique ze maachen, séng 13e nët ze packen an dann dono ze blären ët wéillt een eng gudd Arbescht. All Arbescht ass besser wi Chômage. Kannergeld misst och ugepasst ginn un d’Famill. En Riichter brauch keen Kannergeld ze kréien viir séng Famill, an en Dokter och nët. Daat sollt op d’mannst ugepasst ginn am Montant un daat waat een verdéngt.

 – Staatsfinanzen viir d’21st Joerhonnert –

An viir ze verhënneren dass d’Käschten viir Pensiounen, Studentenhëllefen an Chômage aus dem Rudder laafen, sollt en neien, staatlëchen Index agefouert ginn. Deen Index giff Mound viir Mound frësch gerechent ginn op Basis vun deem waat den Staat verdéngt an ausgëtt, an domat giffen automatësch all di Hellëfen ugepasst ginn. Wann den Staat während 3 Joër manner verdéngt huët, sin dann automatësch och d’Pensiounen ëm den nämlechten Pourcentage roofgaangen, sou dass am Endeffekt keng Hëllef zu engem ze groussen Käschtepunkt gëtt. An wann ët dem Staat zwee oder dräi Joër besonneg gudd geet, dann ginn all d’Hëllefen och automatësch an d’Luucht. Daat wichtegst un deem Prinzip ass, dass keen Politiker muss sou eng Décisioun huëlen, well keen wëll gäer zum Vollék soën: “Ëch reduzéiren d’Hëllef!” Daat geschitt alles automatesch sou wéi d’Situatioun ët erfuërdert, an ët ass nët enger Partei hiir Schold wann d’Hëllefen an schlechten Zäiten roofginn, an och nët hiiren Verdéngscht wann së ropginn an gudden Zäiten. D’Steiersätz kéinten souwisou och mat deem neien Index wéi en hei viirgeschloen gëtt, ugepasst ginn, sou dass d’Steieren déi erakommen automatesch variéiren je nodeem op der méi gebraucht ginn oder nët. Ët ass wichteg dass di Upassungen schnell geschéien, nët mat 5 Joër Verspéidung, an ët ass wichteg dass sou een automateschen Index den Leit kloër mëcht, dass daat nët engem Politiker séng Schold ass, mee einfach noutwendeg. Do kéinnt een eng flott Internetsäit maachen wou all Mound dropsteet:

Index:               102.4

Ären Steiersaatz:   23.7 %

Ärt Kannergeld:     320.37 €

… sou dass dën normalen Biërger gesäit dass dës Variatiounen automatësch sin an näicht mat béisem oder guddem politëschem Wëllen ze dinn hunn. An wann mat deem System d’Gesamtkäschten vun der Pensiounskees zum Beispill iwwer all Joëren konstant bleiwen, zum Beispill bei 20% vum Staatsbudget (viir irgendeng Zuël ze nennen), dann géif déi Dépense och ni zum Probleem ginn viir den Staat, an ët wiir ni méi en Defizit do.

Deen Prinzip misst natiirlëch méi verfeinert ginn. Ët kéinnt een statt mat absoluten Bénéficer oder Déficiter vum Staat zum Beispill och mat engem “gleitenden Durchschnitt” op 6 Méint fuëren, sou dass nët zevill op- an oof Variatiounen all Mound kommen, mee den Effet wiir nach ëmmer den nämlechten. En automatëscht Upassen vun den Dépensen un d’Recetten ouni dass dofiir irgeneng Interventioun vun Politiker néideg wiir.

– An en besseren Partei-System – 

Viir richteg diërft et keng Parteien ginn. Politik diërft guër keng Saach vun Gesiichter an Sympathien sinn, mol nët eng Saach vun Idiiën, mee eng Saach vun Rationalitéit, vun logëschem Iwwerléen, an am beschten engem Gremium vun Wëssenschaftler, déi sëch ëm all Ressort këmmeren, probéiren di richteg Décisiounen ze huëlen, an am Zweifelsfall d’Vollék froën.

D’Membren vun deem Gremium missten och all 6 Méint automatësch ausgewiësselt ginn, sou dass ët zu kengen Machtspillercher kënnt, an si diërften och vum Public guër nët identifizéiert kënnen ginn. Si missten all anonym sinn. Dann brauch keen ze fäerten viir eng schwiëreg Décisioun ze huëlen.

Daat grenzt awer natiirlëch alles un Utopie. Dën Wiëler ass numool mënschlëch an huët keng Zäit viir Politik, dofiir gëtt en eben vun den schéinen Gesiichter entlaascht, di ëm op den Wahlaffichen zréckgrinsen an ëm soën: “Miir këmmeren eis drëm, lee däin Kapp a Rouh!”.

“Mir këmmeren eis drëm!”

Amen.

Leave a comment | Categories: Thinking | Tags: ,

Leave a Reply